Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Cannabis soll legaliséiert ginn

Den Deputéierten a Medeziner Jean Colombera, dee vun der Police beschëllegt gëtt senge Patienten illegal Cannabis verschriwwen ze hunn, hat en Donneschden zu der Manifestatioun virun der Villa Louvigny an der Stad opgeruff. Säi Zil ass et, Drock op de Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo.

De Jean Colombera waart iwwerdeems nach ëmmer op d'Resultater vun der Ënnersichung, assuréiert awer, dass hien de Cannabis nëmmen a klenge Quantitéite verschriwwen hat. Eng Dosis, déi senger Meenung no, d'Liewe vu ville Patiente

méi einfach mécht. “Mir schwätzen hei iwwert eng heelend Wierkung vun der Drog. Mir si keng Krimineller, déi de Drogekonsum wëlle förderen. Mir si Medeziner an notzen de Cannabis als Medikament fir de Leit ze hëllefen”, ënnersträicht den Dokter am Gespréich mat news352.lu.

Vill Patiente brauche Cannabis als Medikament

En Parkinson-Patient huet sech gëschter virun de Leit ausgeschwat: “dass Medikamenter op Cannabis-Basis legal sinn oder net, doriwwer maachen ech mir keng Suergen. Ech wëll just net de Rescht vu menge Liewen um Canapé verbrénge wéinst menger Krankheet. A wéi enger Gesellschaft liewe mir dann, wann ee wéi ech, deen dës Substanz hëlt, als Illegalitéit considéréiert gëtt?” Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn