Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Ryanair sträicht Flich op Berlin

Den iresche Bëllegfliger Ryanair zitt seng Konsequenzen aus der, vun der Bundesregierung décidéiert  Dépense bei de Flich. Duerch dës nei Dépense gëtt en Ticket ab dem kommende Joer 16 pro Streck méi deier. Fir eng Flugesellschaft wéi Ryanair, bei där en einfache Flug am Duerchschnëtt, mat Steieren an Dépensen, ronn 35 Euro kascht, wier dës Mesure inacceptabel.

Insgesamt véier däitsch Strecken, dorënner d'Streck Hahn – Berlin-Schönefeld, sollen dowéinst elo

gestrach ginn.

Dëst ass eng batter Noriicht net nëmme fir d'Groussregioun. Ronn véier Millioune Passagéier notzen de Flughafen am Hunsrück pro Joer, dovu kommen alleng siwe Prozent vun de Clientë vu Lëtzebuerg. Ma dëst bleiwe wahrscheinlech net déi eenzeg Flich, déi ënnert der Mesure musse leiden. Méiglecherweis gi nach weider Strecke vu Ryanair gestrach an donieft nach Maschinne vum Flughafen ofgezunn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn