Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Flucht ergraff wéinst Police-Convocatioun

Wéi d'Police matgedeelt huet, hu si géint 16.20 Auer en Automobilist an der Rue de l'Indépendance zu Beetebuerg gestoppt. Nodeems hien no de Personalie gefrot ginn ass, konnt de Mann awer just eng Immatrikulatiounskaart virweisen. Et huet sech donieft och erausgestallt, dass sämtlech Autospabeieren net méi gülteg waren.

D'Police huet de Mann dowéinst och e bësse méi genee ënnert Lupp geholl. Et sollt sech erausstellen, dass de Mann op de Policebüro convocéiert gi war, dësem Ordre awer net nogaang

ass. De Mann huet  keen Auswee méi gewosst an ass kuerzerhand geflücht. Hien huet sech ze Fouss a Richtung Rue Michel Heck duerch d'Bascht gemaach. Eng Fahndung nom Flüchtegen ass direkt ageleet ginn.

Eng Policepatrull konnt de Mann schlussendlech an der Rue Michel Lentz zu Beetebuerg stellen. Am Asaz waren de CP Beetebuerg, sou wéi den CI Diddeleng. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn