Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

D'Pro-Cannabis demonstréieren an der Stad

No de Perquisitioune vum Medeziner an ADR-Deputéierten Jean Colombera, deem virgeworf senge Patiente renge Cannabis als Medezin verschriwwen ze hunn, obschonns dëst géint Gesetz ass, ginn d'Meenungen immens auserneen. Souwuel d'Justiz, wéi och d'Befürworter hunn hir Argumenter fir oder géint eng medezinesch Uwennung vun der Planz.

Dëse Nomëtte sinn et dann d'Pro-Cannabis, déi ab 16.00 Auer hirer Meenung fräie Laf loossen. Si wäerte virun der Villa Louvigny an der Stad Lëtzebuerg fir eng Reaktioun vum

Gesondheetsminister Mars di Bartoloemo demonstréieren. An engem Interview mam Point24  hat hien am Virfeld awer schonn annoncéiert, dass seng Dier fir Diskussiounen op wier, schliisslech géif et sech an dësem Fall ëm de medezinesche Gebrauch vun der Drog handelen, deen donieft och kontrolléiert gëtt.

De Jean Colombera hat iwwerdeem schonn erkläert, dass alles eng Fro vun der richteger Doséierung ass. Cannabis ze konsuméieren, als reng medezinescht Heelmëttel, géif net direkt an d'Blutt iwwergeet an, an deem Kontext och net déi selwecht berauschend Wierkung weist. De Konsum hätt da nämlech éischter eng heelend Wierkung géint Krankheeten an hir Symptomer, zum Beispill beim Kriibs, Asthma oder och Rheuma.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn