Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Siwe Joer laang Duechter mëssbraucht?

De Mann soll seng, haut 18-jäereg Duechter an de Joeren 2002 bis 2009 regelméisseg sexuell mëssbraucht hunn. Den Ugekloten huet awer schonn a puer Instanzen d'Vielfach-Vergewaltegung vun senger Duechter ofgestridden. Eréischt an de leschte Joeren huet sech d'Affer u seng Mamm Geriicht, fir ze erziele wat geschitt ass.  Hatt huet bericht, dass de Papp ganz oft mam Ëmbrénge vun der kompletter Famill gedréit hat, sollt d'Meedchen vum Mëssbrauch erzielt.

Vill Indice weisen drop hin, dass d'Duechter d'Wouerecht seet. En Dokter an

engem Spidol huet de Mëssbrauch vun der 18-Jäereger confirméiert. Donieft sinn awer och Kierperflëssegkeeten vum Papp um Gezai an och op Bettdecken entdeckt ginn.

De Verdächtegen ass schonn am September 2009 verhaft ginn. Viru Geriicht schwätzt de Papp awer vun engem gemeinsame Komplott vu Mamm an Duechter. Si hätten hie mat Hëllef vu gemeinsam erfonnte Ligen an de Prisong bruecht. De Prozess soll e Freiden weidergoen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn