Jeudi 04 Juillet 2024
taille du texte
   
News Grande Région
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Wie kennt des Persoun?

Wéi d'Police matgedeelt huet, hat déi op der Foto gewise Fra, den 15.06.2010 e Portemonni an engem Akafszentrum am Pommerlach geklaut. Direkt no der Dot hätt d'Täterin probéiert, op engem Bancomat vun der Dexia zu Wolz, mat der geklauter Kreditkaart Suen opzehiewen.

Sämtlech Hiwäiser si bei der Police vu Wolz, um Nummer 2441 9500 ze mellen.

Den 12. Mee 2010 géint 19.00 Auer, stoung  en eeleren Här  mat e puer Artikelen (T-Shirt an Sportstäsch) bei d'Keess am Akafszentrum vun Uewerpallen a wollt bezuelen. Hien huet doropshin en 500-Euro-Schäin aus senger Täsch gezunn a vun der Caissière nëmme kleng Schäiner verlaangt als Wiesselgeld. No engem klengen Hin an Hier, huet de Mann et virgezu selwer mat hannert d'Keess ze goen, an huet zougegraff.

D'Vendeuse war därmoossen iwwerrascht an duercherneen, dass si net gemierkt huet, dass de Mann sou Sue klaue konnt.

French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn